Nom Tornado zu Peiteng den 09.08.2019 woren déi eischt Momenter viel Fräiwelleg Leit op der Platz/Stross fier zehëllefen, den CGDIS – Force de l’Ordre – Gemeng – de Staat an d’Armei hun gehollef ewou sie nëmmen konnten,natierlech sin Prioritär deen ament an die Deeg duerno nëmmen d’Urgence gefuer gin waat jo selbst verständlech ass an schnell huet een gemierk daat Kapaziteiten un Mënsch an Material un hier Grenze gestouss sin…,dëst soll absolut keng Repproche un Hëllefsdengschter sin bien en contraire, well sin hun alleguerten eng baal Onmeiglech an Wertvoll Leeschtung vollbruecht. Mais mir woren och als Privat Leit um Terrain an hun do maat Hand ugepack ewou ons Hëllefsdengschter nët Zäit kritt hun fier direkt ze interveneieren well d‘Mass vun Asätz dëst einfach zu dem ament nët zougeloss huet an viel Leit vun Kärjheng an Peiteng do stungen an hieren Hänn kee Rod mei wossten wann een Daach oder Bam oder soss eppes am Haff ,Balkon oder Gaart louch. Am ufank sin mir esou bei d’Leit gefuer, bis ët ob emol houch daas die Privathëllef esou an dem Sënn nët mei gäre gesin wier vue daas verschiede individien sech Situatioun zum Notze gemach hun fier bei Leit an Wunneng/Haus eran zegoen ënnert dem Virwand wiellten zehëllefen….oder se hun just daat ewech geholl waat Geld eranbruecht huet ewei zb. Schrott an de Räscht hun se leie geloss. Bedéngt daas mir ons Equibe awer bei der Gemeng Peiteng bekannt woren an gewosst wor dass mir ons gratis Dengschtleeschtung seriö an Oprichteg man goufe mir maat an de Group d’Intervention vun der Gemeng Peiteng opgehol an mir hun bal all ons Interventiounen dunn vun der Gemeng kritt die mir och zur vollster Zefriedenheet vun deene Responsablen ausgefouert hun, an och elo nach die eng oder anner Interventiounen fueren. Mir hun daat gratis maat onsem Private Geschirr ewei Auto/Remorque Motosäen Trennscheif asw.gemach an de Leit gehollef hieren Terrain vum Sturmschued zebotzen an zeraumen. Oft sin mir esou op Platze komm ewou d’Leit ons dann och Direkt ugeschwaat hun op mir nët och hienen keinten hëllefen zeraumen resp.den Knascht ewech zehuelen den de Sturm hannerloos hat… dunn ass ons d’Idee komm fier dës Associatioun zegrënnen an esou den Gemengen dem Staat an virun allem de Leit an esou Situatiounen ënner Ärm zegräifen,an och den CGDIS esou zeentlaschten wenn sie gewëllt sin dëst hëllef esou unzehuelen. ( Hei an der Gemeng Peiteng huet daat Wonnerbar geklappt an ët ass vum Corps gudd an gären ungehol gin ) Waat direkt awer emol klor soll sin mir sin keen CGDIS an mir mëschen ons och zu kengem Ament an dës Kompetenzen eran,dëst heescht mir machen keng Arbechten déi dem CGDIS ënnerstin ausser mir gin dofier gefroot… Ons Dengschtleeschtung bezieht sech reng op d’Hëllef no enger oder während enger Naturkatastroph, Pandemie oder Ähnlechem ewou Hëllefsdengschter anner Prioriteiten hun een awer de Leit muss/kann hëllefen zum beispiel Raumen an Botzen Plënneren vun Miwelen an Wertgeigenstänn bei Heichwasser an Secherheet zebrenge asw.asw.oder och zb. bei Sichaktiounen oder Sandsäck fëllen d’Autoriteiten ënnerstetzen. Oder einfach gesoot mir sin bereed do ze Hëllefen ewou Nout um Mann a Fra ass Nom Motto Aleng Schaffs de ebbes zesummen Schaffe mer méi.
